Aktualiséiert den
Qualitéit
SDK Label
Déi nohalteg Gestioun vun de Ressourcen ass en integrale Bestanddeel vun den Aufgabe vun der Ëmweltverwaltung.
Fir mam gudde Beispill virzegoen, setzt d'Ëmweltverwaltung den Offallgestiouns-Konzept vun der SuperDrecksKëscht (SDK) ëm, a gouf den 1. Oktober 2002 mam SDK-Label ausgezeechent.
EMAS-Adhesioun an ISO 45001 Zertifizéierung
Fir senge Mataarbechter e séchert a gesond Aarbechtsëmfeld ze garantéieren, implementéiert d'Ëmweltverwaltung e Managementsystem an de Beräicher Ëmwelt, Sécherheet a Gesondheet op der Aarbechtsplaz.
Zurzäit gëtt en integréierte Managementsystem no follgenden Normen agefouert:
- Ofgeännerte Reglement (CE) 1221/2009 vum Europaparlament a vum Rot vum 25. November 2009 iwwert déi fräiwëlleg Bedeelegung vun den Organisatiounen un engem Gemeinschaftssystem fir Ëmweltmanagement an Ëmweltaudit (EMAS), deen d'Reglement (CE) n° 761/2001 an d'Kommissiounsentscheedungen 2001/681/CE an 2006/193/CE ausser Kraaft setzt
- Norm ISO 45001:2018 – Gestiounssystemer an de Beräicher vun der Gesondheet an der Sécherheet op der Aarbechtsplaz — Ufuerderungen a Richtlinnen zur Uwendung
ISO 9001:2015 Certificatioun
D'Unité surveillance et évaluation de l’environnement –groupe mesurages et analyses (USEE-MA), déi fir d'Iwwerwaachung vun der Loftqualitéit am Grand-Duché zoustänneg ass, ass säit dem 22. Januar 2021 ISO 9001-2015 zertifizéiert.
Dës Zertifizéierung ëmfaasst d'Iwwerwaachung an d'Evaluatioun vun der Loftqualitéit op Basis vu Referenzmethoden fir ëmweltschiedlech Substanzen am Telemetrie-Reseau (z.B. SO2, NO, NO2, O3 an CO), esou wéi fir Feinstaub (PM10, PM2,5) ausserhalb vum Telemetrie-Reseau.
Akkreditatioun 17025:2017
Säit September 2024 ass d'Ëmweltverwaltung (AEV) geméiss der Norm ISO 17025 fir d'Miessung vu Feinstaubkonzentratiounen (PM10 a PM 2,5) an der Loft (Norm EN 12341:2014) vum OLAS (Organisme Luxembourgeois d'Accréditation et de Surveillance) akkreditéiert. Dës Akkreditatioun bestätegt formell déi technesch an organisatoresch Kompetenze vun der AEV am betraffene Beräich.
Dës Etapp ass Deel vun engem aktive Qualitéitsprozess, deen d'Verwaltung am Joer 2021 mat der ISO 9001-Zertifizéierung am Beräich Loftqualitéit ageleet huet,.
Verbraucherorientéierung
D'Ëmweltverwaltung verflicht sech qualitativ héichwäerteg Dengschtleeschtunge fir d'Bierger, Partner, Participanten an d'Kollektivitéit unzebidden.
De Qualitéitsservice koordinéiert d'Beaarbechtung vu Reklamatiounen am Zesummenhang mat den Aktivitéite vun der Verwaltung.
- Spezialfäll fir Subside-Demanden a finanziell Ënnerstëtzungen
Reklamatiounen am Zesummenhang mat Subside-Demandë kënne per E-Mail un reclamations@aev.etat.lu geschéckt ginn.