Attributiounen

D'Attributioune vun der Ëmweltverwaltung si vum Gesetz “loi du 29 mars 2016 portant réorganisation de l'Administration de l'environnement” definéiert.

Attributioune vun der Ëmweltverwaltung

Deemno sinn eis Attributiounen am Ëmweltberäich di folgend:

  • Sensibiliséierung, Formatioun, Informatioun a Berodung vun Acteuren aus ëmwelttechnesche Beräicher;
  • Promotioun a Verwaltung vu Mechanisme vun der fräiwëlleger Mataarbecht;
  • Determinatioun, Zesummendroen a Beschreiwe vun den Entwécklungen an der Ëmwelt a vum Impakt vun de mënschlechen Aktivitéiten op d'Ëmwelt;
  • Ausschaffen, Promouvéieren an d'Ëmsetze vu Strategien, Konzepter, Pläng a Programmer;
  • Recherche an Analysen-Aarbechten
  • Matschaffen an Ausschaffe vu legislativen, administrativen a reglementaresche Virschrëften;
  • Iwwerwaachen a kontrolléiere vun de legislativen, administrativen a reglementaresche Virschrëften
  • Ausschaffen a promouvéiere vun de Konditiounen zur Notzung an zur Ausféierung vun den Aktivitéite vun Etablissementer a Relatioun mat der Ëmwelt. Dëst ënnert Berécksiichtegung vun de beschte verfügbaren Technologien
  • Ëmsetze vu legislativen a reglementareschen, nationalen a gemeinschaftlechen Texter, esou wei Autorisatiouns-, Notificatiouns-, Agreement- an Enregistrement-Prozeduren;
  • Ëmsetze vun Aktiounspläng zur Preventioun a Reparatioun vu Schied un der Ëmwelt, jee nodeems an Zesummenaarbecht mat anere kompetenten nationalen oder internationalen Instanzen;
  • Promotioun vun der Qualitéit vun de Prozeduren, Analysen an den Inventairen

Aktualiséiert