D'Administratioun

Eis Aarbecht

Duerch eng integréiert Approche setzt d'Ëmweltverwaltung sech fir en nohaltegen Ëmweltschutz an eng kontinuéierlech Verbesserung vun der Liewensqualitéit vum Mënsch a sengem Ëmfeld an. Mir beroden déi politesch Entscheedungsträger bei ëmweltrelevanten Theemen, a suergen dofir, dass d'Gesetzer am Ëmweltberäich ëmgesat ginn. Mir encadréieren d'Aktivitéite vum Mënsch, déi en Afloss op d'Ëmwelt hunn, féieren Iwwerwaachungen duerch an evaluéieren den Zoustand vun der Ëmwelt. Mir ënnerstëtzen d'Promotioun vun ekologesche Praktiken a fërderen d'Innovatioun am Ëmweltberäich.

Eis Wäerter

Integritéit

D'Ëmweltverwaltung handelt an all hiren Aktivitéiten no de Wäerter vun Integritéit, Transparenz an Ethik. Si weist e virbildlecht Verhalen, hëlt onparteiesch Decisiounen a respektéiert strikt d'Gesetzer an ethesch Prinzippien, fir esou d'Vertraue vun der Ëffentlechkeet ze stäerken an d'Ëmwelt effektiv ze schützen. D'Entscheedunge vun der Ëmweltverwaltung mussen op objektiven a wëssenschaftleche Krittäre berouen. D'Mataarbechterinnen a Mataarbechter handelen onofhängeg a loossen sech weder vun externem Drock nach vun Interessenskonflikter beaflossen. D'Verwaltung an hir Mataarbechter droe Verantwortung fir hiert Handelen an hir Entscheedungen, a stinn de Biergerinnen a Bierger fir hir Froen an Uleiessen zur Verfügung. D'Integritéit vun der Ëmweltverwaltung ass entscheedend, fir ze garantéieren, datt all Handlung op de Schutz an d'Erhale vun der Ëmwelt ausgeriicht ass – am Intressi vun den aktuelle wéi och vun de kommende Generatiounen.

Gewosst wéi

D'Ëmweltverwaltung setzt op déi individuell a kollektiv Kompetenze vun hirem Personal a mobiliséiert déi technesch a wëssenschaftlech Expertise, déi néideg ass, fir Ëmweltfroen effizient ze handhaben. Si ass mat de rechtskräftege Virschrëften am Detail vertraut a kann esou sécherstellen, datt d'Gesetzgebung agehale gëtt an datt d'Betriber an d'Bevëlkerung kompetent beroden a begleet kënne ginn. D'Verwaltung ass an der Lag mat anere Secteure (wéi Ekonomie, Energie, Gesondheet) zesummenzeschaffen, fir esou Ëmweltfroen an d'Entscheedungsprozesser mat afléissen ze loossen. Si verfollegt e participativen Usaz a kann effizient mat der Ëffentlechkeet, den Entreprisen an hire Partneren a concernéierten Acteure kommunizéieren. An engem Kontext wou d'Erausfuerderungen am Beräich vun der Ëmwelt permanent evoluéieren, stäipt d'Ëmweltverwaltung sech op Innovatioun an nei Technologien, op Gestiounsmethoden a wëssenschaftlech Approchen, fir den Ëmweltschutz kontinuéierlech ze verbesseren. De Knowhow vun der Ëmweltverwaltung ass de Schlëssel fir eng effikass, wëssenschaftlech fundéiert an nohalteg Gestioun vun de natierleche Ressourcen ze garantéieren, an dobäi d'Konformitéit mat de Gesetzer an de Schutz vun den Ökosystemer fir déi zukünfteg Generatioune sécherzestellen.

Asaz

D'Ëmweltverwaltung dréit aktiv zur Gestaltung vun enger ëmweltbewosster Gesellschaft bäi. D'Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun der Verwaltung si sech der Wichtegkeet vun hirer Aufgab bewosst a schaffe mat Leidenschaft an Ausdauer fir de Schutz vun den Ökosystemer, d'Reduktioun vun negativen Ëmweltimpakter an d'Fërderung vun nohaltege Praktiken. Si si sech och hirer Verantwortung bewosst a bleiwen ëmmer um neiste Stand vun den Ëmweltentwécklungen, fir sech stänneg un déi nei Realitéiten, wéi Klimawandel, unzepassen. D'Ëmweltverwaltung verflicht sech zur Verantwortung géintiwwer de Matbiergerinnen a Matbierger, zur Transparenz an zum Dialog. D'Verwaltung an hir ganz Ekipp engagéieren sech onermiddlech fir den Ëmweltschutz an huele couragéis Entscheedungen, déi den aktuellen an zukünftegen ekologeschen Erausfuerderunge Rechnung droen.

Service

Am Sënn vun enger Service-orientéierter Approche engagéiert d'Ëmweltverwaltung sech der Bevëlkerung, de Betriber an alle betraffenen Acteuren e proaktiven, effikassen an adaptéierte Service ze bidden. Sou schafft d'Verwaltung no de Prinzippie vun der Accessibilitéit, der Transparenz an der kontinuéierlecher Optimiséierung, a riicht sech dobäi op déi ekologesch Besoine vun der Gesellschaft aus. Och intern setzt d'Verwaltung sech fir e positiivt, motivéierend a produktiivt Aarbechtsëmfeld fir seng Mataarbechterinnen a Mataarbechter an. Well eng zefridden an engagéiert Ekipp ass och de beschte Garant fir en héichwäertege Service.

Eis Visioun

D'Ëmweltverwaltung verfollegt d'Zil, hir Kompetenze kontinuéierlech auszebauen, fir déi national Referenz am Beräich vum Ëmweltschutz an der Verbesserung vun der Liewensqualitéit vum Mënsch ze ginn. Mat engem proaktiven Usaz promovéiere mir eng nohalteg Gestioun vun eise Ressourcen an eiser Ëmwelt, déi op wëssenschaftleche Methoden an op enger enker Zesummenaarbecht tëscht alle betraffenen Acteure berout. Mir engagéieren eis der Bevëlkerung, de Betriber an der ganzer Gesellschaft e virbildlechen an héichwäertege Service ze bidden. Als kompetenten an zouverlässege Partner vun der Lëtzebuerger Regierung setze mir eis fir eng ekologesch an nohalteg Zukunft an, déi den aktuelle Besoine Rechnung dréit, zukünfteg Ëmweltfroen antizipéiert an déi natierlech Ressourcë fir déi nächst Generatioune schützt.