-
Reaktioun vum Ëmweltministère, der Waasser-, Ëmwelt an Naturverwaltung zum Incident vun der Biogasanlag zu Gonderange
Gëschter sinn eisen éischten Erkenntnisser no, opgrond vum enger defekter Dichtung, eng ronn 3.000 Kubikmeter Digestat aus der Biogasanlag zu Gonderange ausgelaf. Op der Plaz waren d'AGE (Administration de la gestion de l'eau), d'AEV (Administration de l'environnement), d'ANF (Administration de la nature et des forêts), de CGDIS an d'Police fir hir respektiv Kompetenzberäicher.
-
Regierungsëmbildung
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, dass de Grand-Duc haut de Moien d'Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, op eegene Wonsch entlooss huet.
-
Mäin Offall – Meng Ressourcen: Déi national Offall-App ass do
Säin Offall richteg entsuergen – dobäi soll déi nei App Mäin Offall – Meng Ressourcen hëllefen. Den digitalen Offallkalenner erënnert de User drun, seng Poubelle virun d'Dier ze stellen an eng interaktiv Kaart weist all verfügbar Sammelplazen am Land un, ob Container, mobil Sammlung oder Ressourcenzenter.
-
Wéi entsuergt een e gebrauchten Antigène-Schnelltest richteg?
Gebrauchte Schnelltester kënnen net recycelt ginn. Se mussen an déi normal gro Poubelle entsuergt ginn.
-
"Mäin éischt Null Offallbuch" – e lëtzebuergescht Buch ronderëm wéi een Offall kann a Ressourcë verwandelen oder esouguer ganz vermeiden
D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL, zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, der Ëmweltverwaltung, der Superdreckskëscht an den Offallsyndikater SICA a SIDEC hunn en neit lëtzebuergescht Buch publizéiert ronderëm d'Thema wéi een Offall kann a Ressourcen ëmwandelen oder och ganz vermeiden, mam Titel "Mäin éischt Null Offallbuch".
-
Den Ëmweltministère invitéiert op den 1. Ëmweltdag 2021
Dësen Donneschden 29. Abrëll 2021 invitéiert de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung vun 9 bis 16 Auer op säin 1. Ëmweltdag a Form vun enger Livekonferenz iwwert den offiziellen Internetsite www.emwelt.lu oder iwwert d'Facebooksäit vum Ëmweltministère an.
-
Besser Loft fir méi Liewensqualitéit: Consultation publique vir den nationale Loftqualtiéitsplang gëtt lancéiert
De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d'Ëmweltverwaltung informéieren iwwer d'Consultation publique zum nationalen Loftqualitéitsplang. Vum 13. Januar un kënne Bierger a Gemengen de Plang consultéieren an hiren Avis dozou bei der Ëmweltverwaltung ofginn.
-
Covid-19 – avis aux exploitants: prorogation de délais liés aux autorisations relatives aux établissements classées, aux déchets, aux émissions industrielles et aux substances dangereuses
Prorogation des délais pour introduire des rapports à l'attention de l'Administration de l'environnement en vertu des autorisations accordées sur base des lois suivants.
-
De Claude Turmes trëtt an d'Regierung an
Nom Doud vum Camille Gira trëtt, den 20. Juni 2018, de Claude Turmes an d’Regierung an. Hie gëtt zum Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur ernannt.