Besser Loft fir méi Liewensqualitéit: Resultater vun der Stéckstoffdioxid (NO2)-Miesscampagne vun 2022

D'Ëmweltverwaltung huet, an Zesummenaarbecht mat de Gemengen an der Klima-Agence, déi 5. NO2-Miesscampagne am Kader vum Klimapakt duerchgefouert. Insgesamt ass de Schuedstoff op 112 Plazen an 33 Gemenge gemooss ginn.

2022 ass de Grenzwäert vu 40 µg/m3 op kengem Standuert iwwerschratt ginn. Op verschidde Miessplazen louchen d'Wäerter no um Grenzwäert, besonnesch zu Réimech, Iechternach an Déifferdeng, mee och zu Esch/Uelzecht, Hesper a Lëtzebuerg.

Och wann d'Virschrëften zur Zäit agehale ginn, mussen d'Beméiunge fir d'Loftverschmotzung ze reduzéieren trotzdem weider gefouert ginn, an dat an Zesummenaarbecht mat de Gemengen.

Resultater

Allgemeng sinn d'NO2 -Konzentratiounen an de Wanterméint opgrond vun den Emissioune vun den

Heizungsanlagen e bëssi méi héich. Ausserdeem gëtt am Wanter den Oftransport vun den Schuedstoffer generell duerch d'Wiederkonditioune erschwéiert. Déi héich Wäerter déi am Mäerz gemooss goufen, hu mat dräi Spëtzewäerter fir de renge Stëbs PM10 iwwereneegestëmmt. Wärend deenen Deeg war et sonneg an dréche mat wéineg Wand an Inversiounswiederlagen, wat dozou gefouert huet, datt déi atmosphäresch Schuedstoffer sech méi schlecht oofbauen a verdeelen.

Den niddregen Niveau an der éischter Hallschent vum Mount August kann duerch de Réckgang vum Stroosseverkéier am Summer erkläert ginn. Des Weidere féieren an de Summerméint eng besser Duerchmëschung vun der Loft a photocheemesch Ofbaureaktiounen duerch den Ozon an der Reegel zu engem Réckgang vun den NO2-Konzentratiounen.

Säit 2018 gëtt eng progressiv Baisse vun de Joresduerchschnëtter festgestallt, déi 2020 an 2021, duerch d'Moossname vun der Covid-19 Pandemie a, besonnesch ausgepräägt war.

2022 sinn déi meescht Moyennen allgemeng nees op de Niveau vun 2020 zeréckkomm. D'Reduzéierung vun den Emissiounen aus dem Stroosseverkéier duerch d'Moderniséierung vun der Autosflott mat der Aféierung vun neien EURO-Normen an Elektroautoen, gëtt deelweis duerch eng allgemeng Hausse vum Stroosseverkéier gebremst, deen 2022 nees ugezunn ass.

Des Weidere kënnen déi ongënschteg Wiederkonditioune fir d'Loftqualitéit am Joer 2022, virun allem am Mäerz, deelweis fir déi liicht Hausse vun de Moyenne verantwortlech sinn.

Ziler

D'Haaptziler vun der Miesscampagne sinn:

  • d'Bierger besser ze informéieren;
  • d'Gemengen an hir Awunner fir d'Loftqualitéit a Bezuch op NO2 ze sensibiliséieren an se ze motivéieren, zur Verbesserung vun der Loftqualitéit bäizedroen.

D'Miessunge sollen och dozou déngen

  • eng Bestandsopnam ze maachen, fir spéider d'Auswierkunge vun de Moossname fir d'Verbesserung vun der Loftqualitéit ze quantifizéieren a kommunizéieren ze kënnen
  • d'Resultater op nationalem Niveau duerch d'Organisatioun vun enger gemeinsamer Campagne ze vergläichen;
  • d'Miessungen an d'Modelléierunge vun der Ëmweltverwaltung betreffend déi geographesch Verdeelung vun den NO2 -Niveauen iwwer ganz Lëtzebuerg, ze completéieren an ze verfeineren;
  • nei Standuerter ze identifizéieren, wou de Grenzwäert iwwerschratt ginn ass ("Hotspots”) oderwou d'Gefor vun engem Depassement besteet (kritesch Punkten).

Standuerter 2022

Bieckerech, Beetebuerg, Duelem, Dikrech, Déifferdeng, Diddeleng, Iechternach, Esch/Uelzecht, Gréiwemaacher, Hesper, Käerjeng, Koplescht, Leideleng, Lëntgen, Lëtzebuerg, Mamer, Miersch, Mäertert, Monnerëch, Préizerdaul, Reckeng, Réimech, Roeser, Rëmeleng, Schieren, Schëffleng, Schëtter, Stengefort, Steesel, Stroossen, Waldbëlleg, Weiler-la-Tour a Woltz.

Method

Fir d'NO2-Konzentratioun ze bestëmmen, ginn all zwou Woche Prouwe mat passiven Diffusiounsréier geholl.

Beim Passivsammele ginn Adsorptiounsréiercher, op enger Héicht vun ongeféier 3 m, fir ee bestëmmten Zäitraum der Loft ausgesat. Duerch einfach Diffusioun vum Schuedstoff deen an der Loft present ass, gëtt dëse vum Passivsammler agefaangen. D'Echantillone ginn dann am Laboratoire duerch Spektrophotometrie analyséiert.

D'Campagne 2022 gouf vum 5. Januar bis den 21. Dezember duerchgefouert.

De komplette Rapport ass op www.emwelt.lu disponibel.

D'Donnéeë pro Statioun kënnen och um Geoportail ënnert der Rubrik "Ëmwelt" consultéiert ginn.

Communiqué vun der Ëmweltverwaltung

Aktualiséiert