Wéi entsuergt een e gebrauchten Antigène-Schnelltest richteg?

Gebrauchte Schnelltester kënnen net recycelt ginn. Se mussen an déi normal gro Poubelle entsuergt ginn. Wann den Test allerdéngs positiv ausfält, muss den Test

  1. nees zréck a seng Originalverpackung (oder an eng extra Tut déi eventuell matgeliwwert gëtt) gemaach ginn,
  2. dann dës Verpackung an eng normal Poubellestut gehäit ginn déi dann och direkt zougemaach gëtt
  3. an an déi gro Poubelle gehäit gëtt

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung / Ëmweltverwaltung

Aktualiséiert